Luxformel Styleguide
Luxformel ass ee Site ze fannen ënnert dem link https://luxformel.info. De Site gouf erstallt fir d’Léieren ze vereinfachen mat Exercicer, gekierzte Coursen, an nëtzlechen Dokumenter.
Inhaltsverzeechnes
Allgemenge Stil
Faarwen
Luformel am Helle Stil huet follgend Faarwen:
- Wäiss als Hannergrond:
#fff - Schwaarz fir Text, Titelen, Formelen, etc. :
#000 - Mof als spezial Faarw:
hsl(250 100% 50% / 0.6) - Linken sinn ausser bei ausname blo:
#0000ff
Schréft
Déi typesch Schréft fir d’Interface op Luxformel ass:
font-family: "Roboto Mono", monospace;
Déi typesch Schréft fir Text, Titelen ass:
font-family: "Times New Roman", Times, serif;
Kapitel
Kapitel Titel
De Kapitel Titel <h1><\h1> gett ass ee generellen Numm passent bei d’Kapitel. De Kapitel Titel ass d’selwecht wéi den Titel <title><\title>.
Ënner Titel
Ënner Titelen <h2><\h2> sollen ëmmer de kierzt Méigelechen Titel hunn. Wierder ewéi: Der, Die, The, Le, La, Les,…, dierfen net benotzt ginn.
Wann et zwee Méigelechkeete gett een ënner Titel ze nennen ginn ëmmer alleguerten d’bekannte Méigelechkeete benotzt déi mat engem komma getrennt ginn.
Wann den Text ënnert dem ënner Titel op e puer Titele passt ginn alleguerten déi relevant Themen am ënner Titel opgezielt an mat engem: und, and, et, getrennt. D’Reihenfolg ass der Wichtegkeet no; vir déi mei Wichteg.
Zousaz Titelen
Zousaz Titelen <h3><\h3> gi benotzt wann een ënner Titel no nach mei Opspléckung verlaangt.
Méigelechkeeten fir den zousaaz Titel ze benennen sinn: Bemerkung(en), Remark(s), Remarque(s), Theorem(e), Theorem(s), Théorème(s), Regel(n), Rule(s), Règle(s), Herleitung(en), Proof(s), Démonstration(s), Definition(en), Definition(s), Définition(s), Schlussfolgerung(en), Conclusion(s), Conclusion(s), Formel(n), Formula(s;e), Formule(s), Reaktion(en), Reaction(s), Reaction(s), Hypothese(n), Hypothesis, Hypothèse, Konvention(en), Convention(s), Convention(s), Eiheit(en), Unit(s), Unité(s),
Wa Méigelech soll ëmmer een ënner Kapitel benotzt ginn amplaaz vun engem zousaz Kapitel.
Bemierkungen
Bemierkungen si Sätz dei kënnen mat engem <h3><\h3> dobäi gesaat ginn wann néideg.
Bemierkungen zu Bemierkungen ginn mat engem break <br> getrennt.
Text
Ënnersträichen
Wichteg Informatiounen déi usech kéinten alleng ee ganze Paragraph ofkierzen, kënnen vum Autheur Ënnerstrach ginn.
Lëschten
Onnumerotéiert Lëschten
Wann Informatiounen nët wierklech an eng Tabell passen oder gemaach goufe fir an eng Lëscht kënnt par default eng onnumerotéiert Lëscht <ul></ul>.
Numerotéiert Lëschten
Nëmme wann néideg soll eng numerotéiert Lëscht <ol></ol> benotzt ginn. An all annere Fall kënnt eng on numerotéiert Lëscht.
Tabellen
Tabellen ginn a folgende Situatioune benotzt:
- Eng Opzielung vu Informatiounen ass ze komplex fir an eng normal Lëscht.
- Et ass eng Tabell mat Werter. Beispill: Sonnensytem Tabell.
Tabelle solle juste benotzt ginn wa Lëschten absolut keng Méigelechkeet sinn.
Abbreviatiounen
Abbreviatiounen gi benotzt wann eng Organisatioun opgezielt gëtt déi normalerweis mei bekannt duerch hir Ofkierzung ass wei duerch hire ganzen Numm. Beispill:
<abbr title="International Electrotechnical Commission">IEC</abbr>
Archiv
D’Archiv existéiert fir .pdf Dokumenter fir de Benotzer ze späicheren. Dat kënnen Worksheets, Angaben, Énoncéë sinn oder Léisungen zu denen Aufgaben, genau wéi och tabellaresch Dokumenter. Beispiller:
Léisung: Complex Numbers and Vector Space, an hir Angaben/Worksheet.
Worksheets, Angaben oder Énoncé sinn dei offizell Nimm déi solle Benotzt ginn fir d’Angaben.
D’Léisungen sinn ëmmer lénks vum Site, an den Énoncé ass ëmmer riets.
All Énoncé wou am Archiv ze fannen ass muss och an der Bibliothéik ze fanne sinn.
Bibliothéik
D’Bibliothéik ass een Zousaz Site fir luxformel.info. An der Bibliothéik sinn d’Énoncéën a Form vun enger Websäit ze fannen.
Den Énoncé an der Bibliothéik huet wann et eng Léisung gëtt ëmmer ee Link zu de geléisten Exercicer op luxformel.info.
Change Log
- Versioun 1.0 Release den 9.11.2025.